Entdeck däi Land, Stéck Fir Stéck
Mir sinn eng Mini-Entreprise vum Lycée Michel Lucius a mir verkafen originell lëtzebuergesch Puzzelen, déi de Patrimoine, d’Landschaften an d’Kultur vu Lëtzebuerg an de Vierdergrond stellen. Eist Zil ass et, d’Land Stéck fir Stéck entdecken ze loossen, op eng spilleresch an edukativ Aart a Weis.